« Angscht: Komm mir schwätzen driwwer »
Am Kader vum nationale Plang fir d’Preventioun vu Selbstmord gouf en Donneschdeg déi nei Sensibiliséierungscampagne ronderëm Angschtstéierunge lancéiert. Angscht-stéierunge sinn déi mental Stéierungen, déi an der Bevëlkerung am stäerkste vertruede sinn, esou déi Responsabel vun der Campagne op der respektiver Pressekonferenz. Zil vun der Campagne ass et, fir fir dës Zort vu Stéierungen ze sensibiliséieren an iwwer d’Traitement, d’Diagnos an den Ëmgank opzeklären.