Hëllef bei mentale Problemer
De Moment sti mer enger Kris géigeniwwer, déi mer esou nach net erlieft hunn. Dat kann och vill psychologesch Konsequenze mat sech bréngen: Angscht, Stress oder och Depressiounen. Dofir huet de Service Information et Prévention, an Zesummenaarbecht mam Gesondheetsministère e Site lancéiert, op deem d’Leit Informatioune kréien, wéi si mental besser mat der aktueller Situatioun ëmgoe kënnen: www.covid19-psy.lu.