Fraen a Jonker zu Lëtzebuerg am heefegste mat Depressioune geplot

Ronn 12 Prozent vun de Frae sinn am Grand-Duché mat Depressioune geplot. Bei de Männer sinn et 8,2 Prozent.

Eng 55.000 Leit sinn tëscht Oktober 2016 a Januar 2020 op prevention-depression.lu kucke gaangen. Dat huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert dës Woch op eng parlamentaresch Fro geäntwert. Bei engem Selbst-Test um Site war erauskomm, datt knapp 48% vun den 12.000 Participante Symptomer vun enger uerger Depressioun opgewisen hunn. Statistiken, déi interpelléieren, ma déi awer net representativ sinn. RTL huet nogesicht, vu wéi vill betraffene Leit am Land ee reell ausgoe kann.

Ganzen Artikel a Interview liesen

Foto: rtl.lu